arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Zeréckgoen un d’Ufäng

Album vun der Woch

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Zeréckgoen un d’Ufäng

Den Jackie Moontan ass een Ausserierdeschen, deen op eiser Äerd gelant ass an elo säi Wee ënnert de Mënsche fanne muss. Dat ass de Projet vum Alain Schumann, e Lëtzebuerger Museker, deen de leschte Weekend säi Glam Rock och zu London presentéiert huet.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Den Ausserierdeschen Jackie Moontan ass zu London immens gutt ukomm. Hien huet am donkele Keller vum Sebright Arms, engem Pub am Oste vu London, gespillt. Et war seng Mëschung vu grooveschem Soul a witzeger Cabaret Performance déi dem brittesche Publikum sou gutt gefall hat. Den Jackie Moontan, deen och zu London studéiert huet, huet de britteschen Humor och selwer immens gären.

"Dat ass meng Sensibilitéit och, dat ass och bësse meng Kultur, souzesoen. Dat heescht den Engleschen Humor – ech well net soen et ass engleschen Humor - mee ech weess, datt d‘Englänner mäin Humor ze schätze wëssen. Ech soen ëmmer, Musek gëtt op ganz villen Ebenen appreciéiert, och heiansdo wa Leit einfach nëmmen do stinn an net danzen."

Dat war bei dësem Concert allerdéngs net de Fall. E puer Leit am Sebright Arms Pub hunn souguer dem Lëtzebuerger seng Songtexter kannt a och matgesongen.

Ee Lidd wat richteg gutt ukomm ass, dat war d‘Steck All my Friends are Totalitarians. Mee trotz dem Titel ass dat awer net explizitt politesch, seet den Jackie Moontan.

"Dat wat an der Welt geschitt beréiert mech och. Ech well just kee politesche Song maachen. Mee oft dat wat ech soen, wann een tëscht den Zeilen liest, ass eppes dobäi wat ee vläicht als politesch kann aschätzen."

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

D'Lidd ass eeben och aus der Vue vun dem fiktioneller Personage ze verstoen.

"Den Jackie ass eng Konschtfigur, mee den Jackie huet och een Nemesis sou ze soen, sou wéi den James Bond den Dr. No huet, huet den Jackie dann och säi Béisewiicht an deen heescht Lord Acton. An de Lord Acton an dësem Lidd ass den Totalitarian."

Mat verschiddene Personnage spillen heescht och, seng Villsäitegkeet auszedrécken.

"Ech fannen, datt een als Mënsch souwisou méi wéi just ee Mënsch ass, an ech och. Dat heescht dat gëtt mer dann och Méiglechkeet vu ville verschiddene Point de Vueen ze schreiwen, an net just als Ech."

Live spillt den Jackie Moontan oft mat bekannte Lëtzebuerger Jazz-Museker. Dobäi ass de Paul Belardi um Bass, de Jérôme Klein um Keyboard an den Nils Engel op der Batterie. Si sinn och um Jackie sengem rezenten Album, The Dark Side of the Tanning Bed, ze héieren. An domat ass de Sänger ganz zefridden.

"Den Album kléngt am Fong wéi ech scho laang well datt e klengt, wei d‘Musek soll klengen. Dat heescht meng Influencë vum Soul a vum Funk sinn definitiv dran, an ech hunn och Leit déi um Album spillen, déi déi Sensibilitéite verstinn an dat och sou weider kënne ginn."

Den Owend zu London war hien allerdéngs eleng op der Bün. Dat ass vir den Jackie Moontan guer kee Problem.

"Den Owend ass ee solo Concert, dat heescht ech maache bësse méi meng Cabaret Show souzesoen, an ech spille Lidder dann of vum Album."

A mam Publikum hat en e puer witzeg Interaktiounen.

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Dem Jackie Moontan seng Stëmm huet gutt matgerappt, och wann d‘Lidder net live mat Instrumenter gespillt goufen. Wann hie mat senger Band spillt, da kann een nach eemol eng aner Versioun vum villsäitegen Ausserierdesche materliewen.

"Wann ech mat de Jonge spillen ass dat eng richteg Live Experienz. An ech hunn och déi zwou Formullen, dat heescht mécht kënnt der tatsächlech solo gesinn oder mat Band."

Egal welch Formule e grad an ärer Galaxie ubitt, et lount sech den Jackie Moontan kucken ze goen.

play_arrow Lauschteren