Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dessy Mesk - Now And Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Zero Point Five: Vun Dëppefester op déi grouss Bün

Countdown fir Basel: Wie sinn d'LSC-Finalisten

Zero Point Five: Vun Dëppefester op déi grouss Bün

Zero Point Five: Een Numm, deen een an der Lëtzebuerger Musekszeen scho mol dierft héieren hunn. De Country-Grupp gëtt et nämlech schonn zanter iwwer 15 Joer. Elo sti si an der Finall vum Luxembourg Song Contest.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© Michelle Barthel play_arrow
Foto: Michelle Barthel

Kennegeléiert hu Zero Point Five sech zu Lycéeszäiten a bekannt goufe si deemools ënner anerem duerch d'Emissioun "Wanns de eppes kanns". Den Numm "Zero Point Five" kënnt iwwregens doduerch, datt ee Proff deemools zu hinne sot, si wiere mat näischt méi wéi nëmmen zwou Gittaren dach nëmmen eng hallef Band.

Vun den Dëppefester hei uechter d'Land bis op Touren am Ausland: Ongeféier esou kann een d'Rees vum Kiko, Gilles a vum Chris beschreiwen. An elo ass dat nächst Zil déi grouss Bün vum Eurovision Song Contest. Och wann dat elo eng grouss Aventure a méiglecherweis och ee risegt Sprangbriet fir d'Band wäert ginn, sinn déi 3 Jonge sech sécher, datt si an der Essenz ëmmer Zero Point Five bleiwe wäerten. 

“Et si mol keng Fifteen Minutes of Fame. Also dach, schlussendlech schonn. Warscheinlech mat der ganzer Promo, déi dann herno ronderëm geschitt, mee ech mengen dat wäert eis als Band net an der Essenz veränneren. Souguer egal wéi grouss een denkt, well mir hunn an deene fofzéng Joer alles gespillt, well mir einfach gäre Musek maachen. An dofir si mir elo ganz frou, wéi d'Reaktioun vun de Leit ass, nodeems do erauskomm ass, dass mir an der Finall sinn. All Club des Jeunes, fir dee mir gespillt hunn, all Studenteveräin, all grousst Concertshaus, de Casino 2000, d'Déifferdenger Stadhaus, iwwerall wou mir gespillt hunn, déi felicitéieren eis, well se eis iergendwou op eisem Wee konnte begleeden. An ech denken, ganz egal ob mir elo op der Eurovisioun géife wannen, soen ech elo, dat verännert eis als Band net, a mir ginn och ëmmer op déi Plaz herno zeréck spillen."

100,7-Freundebuch

An de Kiko, de Gilles an de Chris hu sech och an eist 100,7-Freundebuch agedroen. Do hu si um Mikro vum Sophie Schroeder follgend 4 Sätz misse komplettéieren.

Den LSC bedeit fir mech ...

Kiko: Rockal Baby!

Chris: Showtime.

Gilles: Maachen, wat ech gäre maache viru ville Leit.

Mat Lëtzebuerg verbannen ech ...

Kiko: D’Chance kënnen op sou engem Level direkt seng Musek ze weisen, säin Talent ze weisen, ënnerstëtzt ze ginn. Op small scale, an dat do gëtt elo ganz grouss Scale.

Gilles: Heemecht.

Chris: Jo, Heimspill. Sou eppes, sou e Gefill.

Eise Song fir den ESC zeechent sech aus duerch ...

Kiko: Eisen Instrumenter, de Sound an déi gutt Laun.

Chris: Jo, traditionell Instrumenter an enger moderner Verpackung.

Gilles: E Stéck vun eis, wat hoffentlech de Leit esou gutt gefält, wéi et eis gefält.

Mäi Liblings-Eurovisiounslidd ass ...

Kiko: Like a satellite, I'm in an orbit all the way around you ... Jo, Lena. Alles, wat de Stefan Raab iergendwéi do ugepak huet, war top. Et ass e Showman. Hie versteet de Showbusiness, an et ass een, dee vun enger Talkshow ka bis an eng Eurovisioun goen an do ofliwweren, an dat ass d'Essenz dovunner: Showtime!

Chris: Jo, ech wëll net däi Format torpedéieren, mee ech hunn de Jongen am Ufank gesot, falls dat wierklech klappe sollt, dat coolst wier, wa mir doduerch de Stefan Raab géife kenneléieren. Ech fannen dat wier wierklech zimmlech witzeg. Mee wann ech e Song muss nennen, wéi ech schonn iwwert den Alexander Rybak geschwat, ech mengen, dat ass zimmlech obvious.

Gilles: Ech sinn elo erëm dee Spillverdierwer. Ech sinn deen eenzegen, deen TV Total net gekuckt huet. Ech fannen awer trotzdeem de Stefan Raab zimmlech cool. Ech ginn awer do op een anert Lidd. Am Fong sinn et der zwee. Dat eent ass Outlaw in ‘EM, dat ass vun engem hollännesche Country Artist, dee Waylon heescht. Elo weess ech awer par konter net, ob dat och tatsächlech um ESC war, oder ob dat an der hollännescher Virentscheedung war. An ech bleiwe beim Guildo Horn, och well ech siwe Joer laang zu Tréier gewunnt hunn. De Guildo, dat ass eng Legend. Zu Tréier kriss de ëmmer T-Shirten ze kafe vun der Universitéit, wou dann am Geck "Gildo Horn Universitéit Tréier" dropstoung, mat senger Foto drop.