Déi Europäesch Vollekspartei hat refuséiert, déi aktuell spuenesch Ministerin fir déi gréng Transitioun, d'Teresa Ribera, als Vizepresidentin vun der Kommissioun ze confirméieren. Am Géigenzuch waren d'Sozialisten net prett, de Member vun der postfaschistescher Partei Fratelli d’Italia, den Italieener Raffaele Fitto, fir een héije Posten an der Kommissioun unzehuelen.
Béid Säiten hunn elo noginn. Och den ëmstriddenen EU-Kommissär fir d'Gesondheet, den Ungarn Oliver Varhelyi, gouf guttgeheescht. Deel vum Accord ass et awer, datt säi Portfolio soll ageschränkt ginn.
Op d'Basisse vun de Fraktiounen hanner deem Deal stinn, ass iwwerdeems nach net gewosst. Déi nächst Woch soll d'Europaparlament iwwer déi ganz Ekippe vun der neier Kommissioun ënner der Presidentin Ursula von der Leyen ofstëmmen.
Wéi koum et elo zu deem Accord? Wien huet misse Waasser a säi Wäi schëdden? Dorop hu mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber gekuckt.