Bal d'Hallschent vun de Salariéen zu Lëtzebuerg si Frontalieren.
Manner Chômage-Risk bei Residenten
Doduerch, datt elo d'ADEM fir déi Leit responsabel ass, géif d'Aarbecht sech deemno op d'mannst verduebelen, seet d'Isabelle Schlesser. Dobäi géif et awer ee groussen Ënnerscheed ginn tëschent de Residenten an de Frontalieren.
"D'Residenten, do ass trotzdeem eng gewësse Partie, déi schaffen a Secteure wéi d'Fonction publique, wou ee manner Risiko huet, an de Chômage ze kommen. Dat heescht, déi aner Hallschent, d'Frontalieren, déi schaffen éischter a Secteuren, wou ee méi Risiko huet, aarbechtslos ze ginn."
Dowéinst géif si mengen, datt d'Aarbecht sech warscheinlech méi wéi verduebele wäert. Fir déi ronn 700 Aarbechter:inne vun der ADEM bedeit dat eng gréisser Ëmstellung: Fir déi administrativ Tâchë wéilt een nämlech op d'Digitalisatioun setzen.
Digitaliséierung an Ëmschoulung vum Personal als internen Defi
D'Mataarbechter:inne sollen da méi an der direkter Berodung vun de Clienten agesat ginn, erkläert d'Direktesch.
"Déi maachen elo effektiv eppes ganz anescht. Dofir, zu 100 Prozent ass et sécher net méiglech. Dat ass fir eis intern sécher dee gréissten Defi."
An och wann d'Personal ëmforméiert wier, missten trotzdeem nei Leit agestallt ginn, betount d'Isabelle Schlesser. Och nei Gebaier wieren néideg.
Dokumenter vun der ADEM goufe saiséiert
Ugeschwat op déi rezent Bedruchsaffär ronderëm ronn 200 Persounen aus Drëttstaten, déi op Grond vu gefälschten Dokumenter onerlaabterweis eng Openthaltsgeneemegung a Sozialleeschtunge konnte kréien, sot d'Isabelle Schlesser, och bei der ADEM wieren Dokumenter saiséiert ginn.
"D'lescht Joer hate mir eng Perquisitioun bei eis, fir ze erklären, wéi bei eis de Prozess vun deene Certificaten, déi et erlaben een Drëttstaatler anzestellen, wéi dee Prozess funktionéiert bei eis. Do goufen eng Rei Dokumenter saiséiert. Zu deem Moment war guer net gewosst, wat fir eng Envergure déi Affär do hat."
Iwwerdeems ënnersträicht d'ADEM-Direktesch, datt si bis haut formell net weess, ob déi saiséiert Dokumenter mat der aktueller Affär ze dinn hunn. Dee Lien géif si selwer hierstellen.
Prozedure géife reegelméisseg kontrolléiert ginn
Vun de Mataarbechter:inne vun der ADEM wier och keen inculpéiert, betount d'Isabelle Schlesser. Déi eege Kontrollmechanisme géife bei hinne reegelméisseg kontrolléiert ginn.
Een Audit, esou wéi en elo an der Immigratiounsdirektioun virgesinn ass, wier bei der ADEM net néideg.
"Natierlech kucke mir eis Prozeduren no. Mir kucken zemools, ob se applizéiert sinn. Mir kucken och, ob mir net Saachen nach kéinte verbesseren. Mir hu 4Ae-Prinzippien. Mir hunn a verschidden Domänen esouguer 6Ae-Prinzippien. Méi wéi nokucken, sinn d'Kontrollmechanismen do, kënne mir se nach verbesseren, kann ech am Moment net maachen."
D'Direktesch vun der ADEM ënnersträicht, datt si keng Unhaltspunkten dofir hätt, datt iergendeppes bei hinnen am Haus schifgelaf wier.
Chômage-Tendenz no uewe bleift bestoen
Op déi aktuell Situatioun gekuckt, mat enger konstanter, liichter Hausse vum Chômage zu Lëtzebuerg, mengt d'Isabelle Schlesser, datt dat sech och an nächster Zukunft net ännere wäert. Och dëse Mount hätt ee bal 10 Prozent méi oppe Plaze gehat wéi nach virun engem Joer.
Si géif awer eng liicht Tendenz no uewe bei den Aarbechtsoffere gesinn. Leit ze fanne fir déi Plaze wier awer net evident.
"Wann et eis 100 Prozent géif geléngen, dann hätte mir jo net eng Hausse vum Chômage op där anerer Säit. D'Profiller leie wierklech oft wäit auserneen."
Vun deene Leit, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, géif ee fir ronn 60 Prozent bannent engem Joer eng Léisung fannen. Dee Pourcentage vu Leit, déi méi wéi ee Joer laang ageschriwwe sinn, géif awer eropgoen.
"Wat mir probéieren, ass esou séier wéi méiglech ze agéieren. Mir schafe keng Aarbechtsplazen. Mir hunn awer Mesuren, mat deene mir de Leit trotzdeem kënnen hëllefe fir aktiv ze bleiwen. Dat ass do wou mir drop setzen: Formatioun a Mesuren."
Ronn 20.000 Mënsche sinn den Ament bei der ADEM ageschriwwen.