Vum Stéphanie Bisenius
Dëst soll ënner anerem duerch elektresch Rollstulltrakteren erméiglecht ginn, déi ee gratis ausléine kann. Esou kann ee méi einfach den Tour ronderëm de Séi maachen. D’DP-Buergermeeschtech Carole Hartmann, huet nach weider Mesurë virgestallt.
“Een Deel vun dëser Entwécklung vum Séi ass eng méiglechst barriärefräi an inklusiv Infrastruktur, mat breede Weeër, mat Sëtzméiglechkeeten, Accèse fir Rollstill, notamment op engem Steeg hanne beim Ecoparking, grad wéi och zum Beispill eng Schaukel, wou ee mat dem Rollstull kann dropfueren.”
Iwwerdeems hätt den Tourismusministère fir eng nei a méi kloer Beschëlderung gesuergt. An Zukunft sollen och nach weider Confortswanderweeër agefouert ginn, ënner anerem zu Réiden-Atert.