Aus dem CSV-Walverspriechen "Méi Netto vum Brutto" wier net méi wéi Steierkaddoe ginn déi d’Stëmme vun de Wieler bei der nächster Wal séchere sollen, esou d’Oppositiounspartei virun der Press.
Eng Géigefinanzéierung fir den ëmmer méi grousse Staatsdefizit wier net a Siicht. Iwwerdeems géing d’Regierungspolitik d’Crise vum Logement verschlëmmeren a sech kaum fir erneierbar Energien an de Schutz vun der Natur asetzen.