Horeca: "Mir ginn am Ree stoe gelooss" 14.01.2021 - 08h22 Den Horeca Secteur fäert ëm seng Zukunft. D'Cafetieren, d'Restauranten an d'Diskoe bleiwen elo mol bis Enn dës Mounts zou a sinn am ongewëssen, wéi et weidergeet.
Däitsch Diskussioun ëm d'Recht op Homeoffice 13.01.2021 - 12h15 D'Privatliewe steet stëll, d'Aarbechtsliewe geet weider. An Däitschland wiisst d'Fuerderung no engem verflichtenden Homeoffice.
Wéi grouss ass d'Impfbereetschaft beim Spidolspersonal? 13.01.2021 - 08h22 Zanter gëschter gëtt d'Personal vun de Spideeler géint de Coronavirus geimpft. An och do ginn et Leit, déi retizent sinn, an déi sech Froe stellen.
Asbestos wëllt sech en neien Image ginn 12.01.2021 - 12h15 D'Stad an der kanadescher Provënz Québec ass houfreg op hir fréier Asbest-Minnen. Trotzdeem ännert se elo hiren Numm.
Käschten an Notze vum groussflächegen Testen 12.01.2021 - 08h22 D'Capacitéite vum Large-Scale-Testing ginn, anescht wéi am Dezember an Aussiicht gestallt, net méi weider eropgesat.
Covid-19-Teststrategie an Éisträich 11.01.2021 - 12h15 An Éisträich gëtt doriwwer diskutéiert, wéi eng Roll Covid-19-Tester kënne spillen, fir weider Infektiounswellen ze stoppen.
"Dat touchéiert mech da schonn ..." 11.01.2021 - 08h22 Den Educatiounsminister Claude Meisch huet sech an der Emissioun Riicht eraus vum 9. Januar ë. a. zu der Kritik u senger Persoun geäussert, där hie reegelméisseg ausgesat ass.
Zwee Länner, zwou verschidde Décisiounen 08.01.2021 - 12h15 Letzebuerg an Däitschland hunn hir Corona-Mesuren nojustéiert. An zwou verschidde Richtungen. Firwat?
D'Gëlle Fra alt nees am Mëttelpunkt vun enger Polemik 08.01.2021 - 08h22 Firwat gëtt bei der Gëlle Fra un d'Lëtzebuerger aus dem Korea-Krich erënnert, an de Spueniekämpfer bleift déi selwecht Unerkennung verwiert?
Perspektiven 2021 an der Belsch 07.01.2021 - 12h15 Ekonomie, Anti-Covid-Impfung, communautär Spannungen an Energieversuergung sinn Challengen dëst Joer bei eise belschen Noperen.
Mobilitéits-Projete fir 2021 07.01.2021 - 08h22 De Quai 6 op der Stater Gare, d'Passerelle vu Bouneweg-Gare an dem Mobilitéitsminister seng Visioun bis 2035 - dat sinn e puer vun den Haapt-Projeten 2021 am Beräich Transport.
Däitschland: Ausbléck op d'Waljoer 2021 06.01.2021 - 12h15 An Däitschland gëtt am September eng nei Regierung gewielt an d'Ära Merkel geet definitiv op en Enn. Een Ausbléck.
Kritik vun der Oppositioun 06.01.2021 - 08h22 CSV, ADR, déi Lénk an d'Pirate sinn net mat den neie Covid-Mesuren averstanen, déi d'Regierung proposéiert - aus ganz verschiddene Grënn.
Am Staat Georgia entscheet sech d'Kontroll am amerikanesche Senat 05.01.2021 - 12h15 Am Moment hunn d'Republikaner nach d'Majoritéit, mee mat zwou Victoiren an de Stéchwalen haut hätten d'Demokraten d'Iwwerhand.
E mouvementéiert Joer fir d'Medien 05.01.2021 - 08h22 D'lescht Joer gouf et vill Beweegung am Lëtzebuerger Mediesecteur.
Les enjeux de l'année 2021 au Royaume uni 04.01.2021 - 12h15 Le Brexit et la pandémie sont les deux grands sujets qui vont dominer outre manche en 2021.
Covid-19-Vaccin eenzeg Léisung, mee zousätzlech Mesurë sinn néideg 04.01.2021 - 08h22 D'Covid1-9-Impfung ass déi eenzeg Léisung fir d'Pandemie an de Grëff ze kréien, mee et muss och un antivirale Medikamenter geschafft ginn, dat seet de Prof. Dirk Brenner.
Réckbléck 2020 op Spuenien 31.12.2020 - 12h15 Spuenie verzeechent 2020 en traurege Rekord: et ass dat éischt europäesch Land, dat eng Millioun Coronavirus-Infektiounen erreecht.
Jugendschutz a Jugendstrofrecht: Wou ass den Dossier drun? 31.12.2020 - 08h16 En éischten Entworf fir e Gesetz iwwer d'Jugendstrofrecht ass prett fir an d'Consultatioun bei de Parquet. De Volet Jugendschutz léisst nach op sech waarden.
Blockéiert a Bosnien: Noutsituatioun op der Balkanroute 31.12.2020 - 07h16 A Bosnie sinn den Ament eng 1.500 Flüchtlingen dem Wanter ausgeliwwert, well si keen Daach méi iwwer dem Kapp hunn. Hire Flüchtlingscamp war d'lescht Woch a Brand gesat ginn.