An Däitschland bestinn nach ëmmer vill Employeuren drop, datt hiert Personal am Büro schafft. Wärend d'Schoulen an Universitéite vun doheem aus funktionéiere mussen, gëllt fir vill Entreprisë keng Flicht dofir - d'Regierung réit hinne just zum Homeoffice. Datt d'Privatliewen op ville Plaze stëll steet, d'Aarbecht awer weidergeet, suergt fir vill Opreegung.
Eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch informéiert.