Vum Trounwiessel hunn, wéi et schéngt, och d’Geschäftsleit an d’Restaurateuren am Stadkär profitéiert.
Den Eric Ewald huet sech ëmgehéiert an nogefrot. Dobäi hu sech 4 vun hinnen, deenen hir Butteker, Caféen a Restauranten net wäit vum Palais ewech sinn, allzäit zefridde gewise mam Zoulaf, dee si bis kuerz no der Mëttesstonn haten.