Wann dir haut gifft den 1938 vum Orson Welles produzéierten a live op CBS diffuséierten Radiodrama “War of The Worlds”, also "Krieg der Welten" héieren, giff Dir da panesch reagéieren a wierklech fäerten, well Dir dat gleewt, wat Der do als vermeintlech Realitéit erzielt kritt?Dir rëselt lo de Kapp a sot: ma nee, natierlech giff ech dat net gleewen.Wa mer an dësem oder ähnlechen Zeenarië verschidde Paradigmen änneren, da kéint et eis haut nawell nämlecht goen, wéi den Nolauschterer vu CBS den 30. Oktober 1938. Iwwert déi méiglech Auswierkungen vu Medieninformatiounen op de Mënsch an d’Uersaachen dovunner, huet d’Nathalie Bender sech mam Psychanalyst a Philosoph Thierry Simonelli, deen och Mataarbechter um 100,7 ass, ënnerhalen.“Krieg der Welten” an aner Wierker vum Orson Welles grad wéi de Personnage Welles selwer stinn och ma am Mëttelpunkt vum Kulturmagazin, emol well et haut 100 Joer sinn, datt dësen aussergewéinleche Film,-Theater- a Radiomann gebuer gouf, awer och am Kontext vun eisem 100,7 Radiopräis, bei deem, als Hommage un den Orson Welles, den Thema “Krieg der Welten“ ass, an Dir opgeruff sidd, en Hörspill ze schreiwen an deem d’Thema “Krieg der Welten” aktuell, an op eis Groussregioun gemënzt, opgeschafft gëtt. Détailléiert Informatiounen fannt der op 100komma7.lu, an der Rubrik 100,7 Radiopräis (http://www.100komma7.lu/lu/radioprais/)
arrow_back_ios
Kultur
Kultur am Gespréich / Kultur-Dossier
headphones
15 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Los Bitchos um Out of The Crowd Festival
4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesummefonnt hu fir ganz eklekteschen a psychedelesche Rock ze maachen.
Waffle Killers: Punk mat Live-Energie um Out of the Crowd
Um Out of the Crowd Festival beglécken och ëmmer eng Koppel local Bands d’Bün vun der Kulturfabrik. Dëst Joer sinn dat déi jonk Punk-Band Waffle Killers, an d’Hardcore Band.
“Ech sinn der Unbekannte Bekannte”
Den Anselme Pau huet een neien Album mat Filmmusek erausbruecht: "Hidden Scores"
Black Mirror
Mëttlerweil ass déi siwent Staffel vun der Serie op Netflix ze gesinn.

Cinder Well: Folkmusek aus Kalifornien
Déi amerikanesch Singer-Songwriterin Amelia Baker am Interview

Esch am Saxo-Sound
Den éischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg - wéi ass et gelaf?

"Toronto" vun der Elisabeth Benoit
Ee Roman iwwer de Fall Johnny-Depp-Amber-Heard

"Prima Facie" am Théâtre du Centaure
Am Gespréich mat der Metteuse en scène Marja-Leena Junker an der Schauspillerin Céline Camara

"D'Chance säin eegent Land ze representéieren"
De Bouwechouer vum Stater Conservatoire ass aktuell op Concertstournée a Japan - wéi et leeft, verroden zwee vun de Jongen an den Dirigent Pit Nimax.

D'Coup de coeure vun der Militärmusek
Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek, hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun an een externt Team getraff, fir en neien Album opzehuelen.

LiteraTour
D'Fest vum Buch an der Gemeng Beetebuerg fänkt Ouschterméindeg un.

Guy Rewenig - Goss
De Roman, dee bei Guy Binsfeld publizéiert gouf, ass fir de Servais-Präis 2025 nominéiert.

Interview mam Wang Bing
E Gespréich mam chineeseschen Dokumentarist Wang Bing iwwer seng Youth-Trilogie

Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda
Zwou Premièrë fir d'Edith Haller: éischten Optrëtt mat engem Jugendorchester an éischte Concert zu Lëtzebuerg

Festival du Livre zu Paräis
De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl war de Samschdeg um Festival ënnerwee an ass hei och engem Lëtzebuerger Literat begéint.

Um Radar: ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.

Anne-Marie Reuter: M for Amnesia
Shortlëscht fir de Servais-Präis 2025

Am Theater: "Foxfinder" vun der Dawn King am TOL
No dem naturalisteschen "Sarah et Hugo" inzenéiert d'Véronique Fauconnet eng donkel ökologesch Dystopie, déi méi no un der Realitéit drun ass, wéi ee mengt.

D'Finall vum internationale Klarinette-Concours 2025
Zesumme mam klenge Maarnicher Festival sicht Lëtzebuerg dës Joer nom beschten Nowuesstalent op der Klarinett. Dat beim Internationale Klarinette-Concours 2025
