Fir de Realisateur vum Film, Christophe Wagner, war den Haaptintérêt vum Film folgend Fro: "Wat ass méi wichteg, d'Sich no der Wourecht oder d'Erhalen vum Ordre social?". An d'Fro déi dohannert stécht: "Ware wierklech all d'Lëtzebuerger couragéiert am Krich, bis op déi puer Leit déi gerecht bestrooft gi sinn?" De Produzent Claude Waringo seet sengersäits dozou: "Mir fänken och lo mol réischt un erauszefannen datt mer net sou onschëlleg si wéi mer ëmmer geduecht hunn".
De Film bleift no un der historescher Enquête, déi den Historiker Claude Wey gutt kennt. An dës Enquête passt an de Kontext vun der Zäit: eng däitsch Famill gëtt exekutéiert, an als Täter gëtt de Nikolaus Bernardy ausgemaach, deen am Krich an engem däitschen Zuchthaus war.