Dee knapp 30 jähregen nigerianesche Schrëftsteller Chigozie Obioma ass den neie Stär um Literaturhimmel. Mat sengem Debutroman „The Fishermen“ war hien ee vun de Favoriten fir de MAN BOOKER-Präis fir Fiktioun, huet awer um Enn net gewonnen.
Tëschent biblescher Parabel a realisteschem Gesellschaftsporträt kann een dem jonken Auteur säi Buch placéieren, den Chigozie Obioma kreéiert an „The Fishermen“ eng moderniséiert Interpretatioun vum Kain an Abel-Mythos.
Detailer mam Yorick Schmit