Den Tom Dockal bliedert mam Cléo Thoma duerch de Kinosprogramm: am Donstkreess vun Halloween (ob een dat dann elo zelebréiert oder net) kënnt natierlech deen een oder aneren Horrorfilm eraus. "Paranormal Activity: The Ghost Dimension" dierft haaptsächlech beleeën, datt e Modell dee Suen an d'Kinoskeese bréngt esou laang ausgereizt gëtt wéi Leit bereet sinn, kucken ze kommen (och wann d'Qualitéit no där 2., 3., 4., oder 5. Suite/Prequel/Spinoff definitiv ofgeholl huet. Och a "Regression" vum Alejandro Amenabar gëtt eng Geschicht fir ze fäerten erzielt, hei geet et ëm Satanismus.
Fir Leit déi léiwer fir ze laachen an de Kino ginn, bidde sech zwou Komedien un: "Lolo", déi 6. Realisatioun vun der Schauspillerin Julie Delpy, déi heifir den Dany Boon gewanne konnt; an déi amerikanesch Produktioun "Sleeping With Other People" an där et, wéi den Titel undeit, ëm Bezéiunge geet.
Am Utopia lafen zwee Filmer, déi dëst Joer zu Cannes an der Competitioun waren: dem Yorgos Lanthimos säin "The Lobster", dee sech an enger noer Zukunft ofspillt wou all d'Celibatairen an eng Aart Spidol agewise ginn, wou se eng gewëssen Zäitspaan hunn, fir e Partner ze fannen. Geléngt hinnen dat net, gi se an en Déier verwandelt an ausgesat... Déi international Kritik schéngt sech net eens ze ginn, ob se dëse Film, dee melancholesch awer och immens witzeg soll sinn, dann elo appréciéiert oder net. Vun alle Säite gelueft dergéint gëtt dem jonken ungaresche Cineast Laszlo Nemes säin "The Son of Saul" deen, sou heescht et, eng ambitieus an nei Manéier huet fir den Holocaust ze thematiséieren.