Enn Oktober 1865 gouf déi éischt Editioun vum Busch sengem satireschen Billerbuch “Max und Moritz” am Kaspar Braun Verlag publizéiert, an et huet sech, wéi een haut seet, eng gelleg “Success Story” ronderëm d’ganz Welt realiséiert, d’Lausbouwentricken goufen op mannst 190 Mol iwwersat, dat och a vill Dialekter an och op Lëtzebuergesch, wou et direkt e puer Iwwersetzungen an Adaptatiounen ginn, an zwar vum Néckel Bach, Josy Christen, René Weiland, an ganz rezent och nach vum Alain Atten.
Dem Wilhelm Busch seng Originalzeechnungen ginn haut nach vun satireschen Artisten a Comiczeechner weltwäit bewonnert, well de Busch filmesch gezeechent huet, an enger Zäit wou nach keen un de Kino geduecht huet.
De Wilhelm Busch,eng Zort Grousspapp vum Comic, huet och den däitsch-amerikaneschen Comiczeechner Rudolph Dirks fir säi Comic „The Katzenjammer Kids“ inspiréiert, deen 1867 eng éischte Kéier erauskoumen, an als en vun den éischten richtegen Comicstrips gëllt.