De Dieter Dorn huet d’Theaterszen besonnesch zu München Joerzéngte laang wéi kaum en aneren markéiert, op alsOberspielleiter an Intendant vun de Münchener Kammerpspiller oder als Intendant vun bayereschen Staatschauspiel, oder als Metteur en scène mat sengem legendäre Regiestil.
1958 huet den Dorn zu Hannover säi laangt Theaterliewen als Dramaturg, Acteur a Regisseur ugefangen, no Hannover koum hien iwwer Essen an Oberhausen op München, wou en 1976 Oberspielleiter an 1983 Intendant vun de Münchener Kammerspiele gouf.
Fir Saison 2001/2002 huet de Dieter Dorn un quasi just nëmmen Stroossesäit gewiesselt an en ass Chef vum Residentztheater vum bayreschen Statasschauspiel ginn.
Nieft seng Intendantenaarbecht huet den Dieter Dorn awer weider inszenéiert, an eng ganz Partie vun sengem Inszenéierungen sinn an Theatergeschicht agaangen.
1979 huet den Dieter Dorn zu Wien déi éischte Kéier eng Oper an Szen gesat, un der Staatsoper an der éisträichescher Haaptstad huet en dem Mozart seng “Entführung aus dem Serail” op d’Bühn bruecht, mat Succés well kuerz drop huet en als Opereregisseur dem Richard Srauss säi Wierk Ariadne auf Naxos fir d’Salzburger Festspiller gemaach, den Dorn hat e Gefill fir eng intelligent Mise en scène verbonnen mat engem fäine Gespier fir d’Musek.
Den Dieter Dorn ass en éischter rouegen a sensibele Mënsch, mat awer engem staarken EGO, de Residenztheater, huet den Dorn, wéi scho virdrun d’Kammerspiele als eng Zort Familljebetrib gefouert, Stëmmung war gutt, wéineg Problemer.
Haut kritt den Dieter Dorn 80 Joer, huet awer net vill Zäit fir ze feieren well en am gaangen ass sech op Première vun der Verdi -Oper La Traviata an der Staatsoper Berlin ze preparéieren.