Hie war e Poet an e groussen Réalisateur, de Pier Paolo Pasolini.
Den 2 November 1975 ass de Pier Paolo Pasolini ëmbruecht ginn
An och haut, 40 Joer dono, huet déi ganz Affaire Pasolini nach ëmmer e batteren Nogeschmaach well et ronderëm den Doud vum Cineast nach ëmmer Ëmstänn ginn, déi ni gekläert konnte ginn.
Dem Pier Paolo Pasolini säin Doud ass a bleift e Mystère.
De Pino Pelosi gouf zwar 1979 zu 9 Joer a 7 Méint feste Prisong condamnéiert, well en de Mord zouginn huet, ma en hätt sech awer just gewiert.
Et war awer schonn onerwaart wou de Pino Pelosi no senger Prisongsstrof 2005 ëffentlech säin Aveu widderruff huet.
Hien sollt de Pasolini just an eng preparéiert Fal lackelen, dono hätten 3 Männer ugefangen de Pasolini ze zerschloen, iwwerdeems se och ëmmer nees “Dreckegen Kommunist” gejaut hunn.
Mä och no dësem Interview blouf d’Affär Pasolini nach ëmmer klasséiert.
D’Enquête am Fall Pier Paolo Pasolini gouf eréischt 2010 relancéiert, am Mäerz dëst Joer huet déi zoustänneg Riichterin Maria Agrimi awer décidéiert, d’Enquête Pasolini défintiv ze klasséieren.