De Steve Lazarides representéiert déi bekanntest Artisten, wei den JR oder de Space Invader, an a senge Galerien zu London an zu New Castle gesäit de Public wat am Beräich vu Street Art am Trend läit. Mee wien ass dee Mann, dee seng Suen mat enger Konscht verdéngt déi dacks als Vandalismus bezeechent gëtt? De Steve Lazarides huet sech als Agent vum Street Art Kënschtler Banksy e Numm gemaach an zënter 2006 huet hien och seng eege Galerien.
D’France Ewen huet sech mam Steve Lazarides zu London getraff.