Wierker vu Street Art Kënschtler kaschten deelweis bis zu 500'000 Euro: de Marché vun dëser Konschtrichtung, déi dacks als Vandalismus bezeechent gëtt, ass grouss. Dëst weist sech och am Steve Lazarides senge Galerien a Groussbritannien. Mee och d'Auktiounshaiser hu sech dem Trend zu engem gewësse Moment verschriwwe gehat, a Street Art Wierker si wéi waarm Bréidercher verkaaft ginn.
An dësem Deel vun eiser Serie, schwätzt d'France Ewen mam Galerist Steve Lazarides iwwert de Kommerz mat Street Art.