Vun am ganze 15 agereechte Wierker huet dem Frédéric Zeimet säi Szenario "Jrriue" de Jury unanime iwwerzeegt - de Mëttwoch Owend huet de jonken Auteur zu Walfer den éischte Radiopräis vum Radio 100,7 iwwerreecht kritt.
De Frédéric Zeimet konnt a Präsenz vum Premierminister Xavier Bettel an der Presidentin vum Administratiounscomité vum 100,7, Françoise Poos, och dem Public aus sengem Lauschterspill "Jrriue" virliesen.
Dës Radiospill gëtt an der éischter Halschent 2016 um 100,7 diffuséiert.