De Bréisseler BOZAR bitt den Ament lëtzebuerger Artisten am Kader vun der lëtzebuerger EU-Présidence eng Plattform. Der Tina Gillen hier Installatioun 'Echo' war schonn Enn September ageweit ginn, zanter dem Weekend ass d 'Expo 'Steichen! Making Meaning of a legacy' fir de Public op. An 3 Kapitele soll hei dem Edward Steichen säin Ierwe gräifbar gemaach ginn: am BOZAR gëtt seng kuratoresch Aarbecht fir d''family of man' virgestallt, perséinlech Fotografië gewisen, plus d'Aarbechten vu 4 Edward-Steichen-Award-Lauréaten ausgestallt.
Dorënner d’Claudia Passeri, déi 2011 3 Méint laang ‘Edward Steichen Award Luxembourg Resident in New York City’ war. D’Kerstin Thalau mat den Explicatiounen.