Am Kader vun der EU-Présidence ass d’Banque Européenne d’Investissement invitéiert ginn, déi lescht Konschtausstellung fir dëst Joer am Cercle Cité ze presentéieren. D’BEI huet eng Expo op Basis vun hirer eegener Kollektioun zesummegestallt. D’Resultat dréit den Titel ‘Euroscope, un panorama de l'art contemporain en Europe’.
Christian Boltanski, Tony Cragg, Marlene Dumas, Jan Fabre, Rebecca Horn, Sean Scully, Nedko Solakov, vu Lëtzebuerger Säit de Michel Majerus an de Lucien Wercollier: et ass schonn erstaunlech, wat sech alles esou an de Schief vun der BEI gesammelt huet. Mee anescht ewéi aner Banken huet déi europäesch Investmentbank kloer Contrainte, wat d’Acquisitioun vu Konscht betrëfft. Et geet ëm europäesch Promotioun an Integratioun:
-den Artist muss beim Kaf vu senger Aarbecht nach liewen
-hien oder si muss an engem EU-Member- oder Kandidateland liewen, oder d'Nationalitéit dovunner hunn
-d'Wierk muss no 1958, d'Joer vum 'Traité de Rome' an Kreatiounsjoer vun der BEI, entstaane sinn.
Weider Informatiounen ass d'Kerstin Thalau vun der BEI-Curatrice, der Delphine Munro, gewuer ginn.