Haut den Owend ass déi éischt vun am ganzen 3 Projektiounen vun de “Lux Prize Film Days”. Fir ‘t véierte Kéier gëtt dëst Joer de Lauréat vum Lux Prize gesicht, ee Filmpräis de vum Europaparlament vergi gëtt, an deen drop ausgeriicht ass, fir den europäesche Film z’ënnerstëtzen. Méi oder wéineger zäitgläich an den 28 EU-Memberlänner ginn da gratis ëffentlech Projektioune vun den 3 Finaliste-Filmer organiséiert. Live am Interview beim Cléo Thoma sinn de Christoph Schroeder (Chef vum Informatiounsbureau vum Europaparlament zu Lëtzebuerg) an de Radek Lipka, deen ënner anerem als Chefprogrammateur vum Festival CinEast dem Lëtzebuerger Kinospublikum bekannt ass.
12.11. Mustang vun der Deniz Gamse Ergüven (19h, Utopia)
17.11. The Lesson (Urok) vun der Kristina Grozeva an dem Petar Valchanov (19h, Utopia)
19.11. Mediterranea vum Jonas Carpignano (19h30, Utopia, mat uschléissender Diskussiounsronn, ë.a. mam gréngen Europadeputéierten Claude Turmes)