Den Centre national de l’audiovisuel, kuerz CNA, zu Diddeléng invitéiert nach bis en Donneschden, also den 3. Dezember, op den Zyklus ‘Something real’. A Konferenzen, enger Table ronde, Workshopen an an enger Ausstellung ginn ‘les nouvelles écritures photographiques’ an d’Viséier geholl. Ee Beispill: de Film ‘Don’t fence me in’ vum Ann Sophie Lindstroem.
Hiren 10 Minutte Film ass e Montage aus eegenem Filmmaterial, Tounopnamen a Fotoen. D’Ann Sophie Lindstroem huet dofir déi schwaarz Stater Cowboys an de Faubourge vu Philadelphia portraitéiert. Vum Cliché vum wäisse Mann mat Colt a Fränjelebox bleift näischt, ausser de Päerd, dee hei net duerch eng Prairie, mee op asphaltéierte Stroossen ënnerwee sinn. Opgefall waren d’Cowboys dem Ann Sophie Lindstroem an engem Arte-Documentaire. Mee deen huet der Fotografin ze inszenéiert geschéngt, wéi wann en technesch super équipéiert Kamerateam an enger knapper Woch an den USA en Dréioptrag erfëllt hätt, ouni de Mënschen richteg no ze kommen. Also ass d'Ann Sophie hals iwwer Kapp op Philadelphia geresst an ass um Enn gutt 3 Méint bliwwen, fir mat hirem Material duerno 'Something real' erzielen ze kënnen. Explicatiounen vum Kerstin Thalau.