D’Pepa Hristova ass 1977 a Bulgarien op d’Welt komm, huet dohanne Germanistik studéiert, ass an Däitschland ausgewandert an huet do mat Konschtgeschicht a Kommunikationsdesign hier Etudien ofgeschloss. Zanter hier lieft si als Fotografin an Enseignante zu Hamburg. Am Neimënster presentéiert si den Ament hier impressionant Portraitfotoen vun den 'sworn virgins'.
An den nordalbanesche Bierger liewen haut nach ´sworn virigins´, also assermentéiert Jongfraen. Allerdéngs handelt et sech dobäi net em eng Aart reliéisen, mee vill méi em e gesellschaftleche Brauch. De Famillepatriarch stierft an huet kee männlechen Successeur. Dann iwwerhëlt eng Fra, aus senger Famill, seng Plaz a seng Roll a lieft vun deem Ament un e Liewen als Mann. Explikatiounen Kerstin Thalau.