Déi lescht Woch ass dat neit Bürosgebai vun der Étude Arendt&Medernach op der Nummerf 41 a op der Avenue John F. Kennedy opgaangen. An dem läschte Joerzéngt huet sech déi lëtzbuerger Firma internationaliséiert. Zu Dubäi, zu Hong Kong, zu London, zu Moskau an elo och zu New York sinn Dépendancen an nei Bureauen opgaang. Ma Arendt&Medrnach gehéiert och zu deenen aktivste private Konschtsammler um Kierchbierg, spezialiséiert an der Fotografie an am Domaine vun der Géigewaartskonscht. An sou ass elo viru kuerzem am Arendt House eng nei Ausstellung mat Wierker vum schwäizer Kënschtler Beat Streuli oppgaangen. Doriwer eraus hunn Arendt&Medernach och Kunst am Bau finanzéiert. Dat sinn deels Wierker vum Beat Streuli, mä virun allem och vum Englänner Julian Opie, vun deem dräi spektakulär Skulpturen elo schonn den Automobilisten um ëstlechen Deel vun der Avenue Kennedy um Kierchbierg dierften opgefall sinn.
De Christian Mosar huet sech an engem éischten Interview mam Beat Streuli ënnerhalen.
An engem zweeten Deel héiert dir hien am Gespréich mam Julian Opie.