Dëse Weekend soll -wann an der Belsch näischt dertëschent kënnt- d’Kulturjoer an der europäescher Kulturhaaptstad 2015 Mons mat enger grousser Party ofgeschloss ginn. Mir zéien déi ganz Woch moies Bilan a weisen op Ausstellungen an aner Evenementer hinn, déi iwwert d’Kulturjoer eraus weiderginn. Sou z.B. d’Expo ‘Adolescence: la fabrique des héros’.
D’Wantersaison vum Kulturjoer 2015 zu Mons ass passenderweis mat ‘Renaissance’ iwwerschriwwen. Wat soll eng 50 Jugendlech aus der Belsch -vu Mons an Namur- aus Frankräich -vun Nantes an der île de la réunion- a vu Kanada –méi präzis vu Montreal- mat dësem Thema verbannen? Si ware 15 wéi 2011 de Projet ‘L’adolescence: la fabrique des héros’ lancéiert ginn ass an hunn entretemps 20 Joer, juristesch hu se d’Jugend e Stéck wäit hannert sech gelooss an hunn eng Widergebuert als Erwuessener erlieft. Dobäi hu si 5 Joer laang d’Monser Sozialanthropologin Chloé Colpé, de libanesesch-kanadesche Kënschtler Wajdi Mouawad an den Kulturkommunikatiounsexpert vun der UCL Mons, den Jean-Luc Depotte begleet, hu Wichteges notéiert, fotograféiert a gefilmt an zu enger Ausstellung zesummegesat. D’Kerstin Thalau war d'Resultat an d'Monser ' Anciens abattoirs' kucken.