An de Bierger vun Nordalbanien liewen haut nach d‘´Sworn virigins´, also assermentéiert Jongfraen. Allerdéngs handelt et sech dobäi net em eng Aart reliéisen, mee vill méi em e gesellschaftleche Brauch. De Famillepatriarch stierft an huet kee männlechen Successeur. Dann iwwerhëlt eng Fra, aus senger Famill, seng Plaz a seng Roll a lieft vun deem Ament un e Liewen als Mann.
Mat dëserTraditioun aus dem Mëttelalter huet sech déi bulgaresch Fotografin -a Walhamburgerin- Pepa Hristova beschäftegt. Des Welt mat hire Ritualer war der Pepa Hristova och friem. Si war verwonnert, dat se nach existéiren. Des Gesellschaften gehéiren zu Europa, mä dest Europa kennt een net. Also versicht déi bulgaresch Fotokënschtlerin, et eis méi no ze bréngen. Den Ament mat der 'sworn-virgins'-Fotoausstellung am Neimënster-Kräizgang. D'Kerstin Thalau war kucken.