De leschte Weekend ass d’Kulturjoer 2015 zu Mons offiziell clôturéiert ginn. Wien elo eréischt zu engem Ausflug an d’Belsch kënnt, kann awer ëmmer nach eng ganz Partie Kulturjoerausstellunge kucke goen. Sou z.B. d’Expo ‘de corpore’ am Kräizgank vum fréiere Klouschter vun den soeurs noires, den ‘schwaarze Nonnen’. Zanter 1991 ass op der Plaz den 'Centre de formation' vun den ‘facultés universitaires catholiques de Mons’ -kuerz UCL Mons- deen zum Deel och als Kulturzentrum fir d'Allgemengheet genotzt gëtt.
D’Nächsteléift vun de schwaarze Schwësteren, déi wéinst hiren däischtere Kleeder esou genannt goufen, de kléischterleche Fridden an engem komplizéierten 15. Joerhonnert mat Peschtepidemien, dat wollt d’UCL am Kulturjoer 2015 an Evidence setzen. Den UCL-Kultur- a Kommunikatiounsbeoptragten Jean-Luc Depotte huet also de Bréisseler Kënschtler Charley Case, Joergang 1969, à la base Moler an Zeechner, fir eng Carte Blanche an de Klouschter invitéiert, an huet him anatomesch Pläng vum Medeziner Andreas Vesalis mat op de Wee ginn. De Vesalis, Joergang 1514, huet op der UCL Louvain studéiert a gelt als Begrënner vun der neizäitlecher Anatomie. Hie war de perséinlechen Dokter vum Charles Quint an dem Philippe dem 2. vu Spuenien. D'Vesalis-Dokumenter an de Klouschter hunn de Charley Case zu Zeechnungen, Molereien, Gravuren a Videoinstallatiounen ronderëm d’Liewen, d’Dynamike vum mënschleche Kierper inspiréiert
'De corpore': en Ausstellungs-Tipp vum Kerstin Thalau.