70 Joer nom Doud vun engem Auteur ginn d’Rechter u senge Wierker ëffentlech. Esou ass et am europäesche Gesetz iwwert de Copyright festgehalen. Ganz aktuell trëfft des Regelung op dem Adolf Hitler säi “Mein Kampf” zou. Enn des Jores gëtt “Mein Kampf” rechtsfräi a kann theoretesch vu jidderengem editéiert, verëffentlecht a verbreet ginn. Wat maachen? An “Er ist wieder da” ass eng Filmkomedie vum Realisateur David Wendt. De Film erzielt eng Fiktioun an déier den Hitler am Joer 2014 neess lieweg an zum Fernsehstar gëtt. Et gëtt de Geck mam Personnage Hitler gemaach.
Mä kann een iwwert den Hitler laachen? Wéi sollt een am beschte mat der nationalsozialistescher Vergaangenheet ëmgoen? Wéi kann een dës an der Ennerhaalungskultur, zum Beispill a Serien oder Filmer, thematiséieren? Dëst si Froen déi ëmmer erëm gestallt ginn. Ganz besonnesch dann, wann erëm e neie Film iwwert den Hitler erauskënnt. Ee Bäitrag vum Charlotte Wirth.