Nach bis den 10. Januar kënnt dir am Nationalmusée um Fëschmaart d’Ausstellung `Mumien, den Draam vun der Éiwegkeet`gesinn. Eng vun de wëssenschaftleche Collaboratrice vun der Expo war d’Heidi Köpp-Junk, Egyptologin op der Uni Tréier; hiert Spezialgebitt: ´Götter a Pharaoen‘. Den Opbau vun der egyptescher Götterwelt ass ongewéinlech komplex. Gëtt et eng Chance, all déi verschidde Funktiounen, d'Symboler, déi op eng Gottheet kommen, ze verhalen?
Déi egyptesch Gottheeten, déi beim Doudegeriicht eng konkret Aufgab haten, bleiwe gemenkerhand gutt an der Erënnerung hänken. Z.B. den Anubis, athletesch mënschlech Männergestalt mat schwaarzem Schakalkapp. Den Illustratiounen no féiert hien de Verstuerwene bei d’Wo a weit d’Guttheet vum Häerz. Hien ass awer och de Gott vum Militär a vun der Mumifizéierung; de Schakal ass e Wüstendéier, d’Wüst mumifizéiert besser ewéi all Balsam. Den Anubis-CV ass also schonn e wéineg bosseg, mee näischt am Géigesaz zu deem vun der Hathor, hires Zeechens Göttin vum Doud, der Léift, der Schéinheet, der Konscht, der Musek, vum Fridden a vum Danz. A symboliséiert gëtt si duerch d’Kou! Göttleche Schutz op d’Mooss gestutzt? Fir d'Heidi Köpp-Junk sinn dës intellektuell Akrobatien einfach mënschlech a kulturiwwergräifend. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Egyptologin.