De Fonds Belval ass, als ëffentleche Bauhär vun der Cité des Sciences, dozou verflicht, a Konscht ze investéieren. Mee am Plaz een eenzegt Konschtwierk bei engem eenzelne Kënschtler ze bestellen, huet de Fonds-Comité décidéiert, d’’Public Art Experience’ an d’Liewen ze ruffen, an op déi Manéier mat Kënschtlerresidenzen e ganze Koup Artisten an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen.
Den 1. internationalen Opruff un Artisten war e vollen Erfolleg: 540 Dossieren sinn erakomm, vun deenen 9 fir déi éischt Saison zeréckbehale goufen.
Den Ufank huet am Hiescht de Shimon Attie gemaach. De gebiertege Kalifornier huet sech eréischt no enger 1. Lafbunn als Psycholog fir d'Konscht décidéiert. De Shimon Attie huet seng kënschtleresch Aarbecht emol als Tapéite-Peeling bezeechent, mat der hien d’Geschichten, déi hannendru verstoppt gi sinn, un d’Liicht brénge wëll. Während dem Schaffen huet hien de Public am Kapp. Iwwert seng Installatiounen, Projektiounen, Fotografien versicht hien ze vermëttelen, ze kommunizéieren: 'de l'art pour l'art' interesséiert den Attie net, mee z.B. Themae wéi 'Trauma' gräifbar ze maachen. D’Kerstin Thalau huet den Amerikaner um Belval kennegeleiert.