De Fonds Belval ass, als ëffentleche Bauhär vun der Cité des Sciences, dozou verflicht, a Konscht ze investéieren. Mee am Plaz een eenzegt Konschtwierk bei engem eenzelne Kënschtler ze bestellen, huet de Fonds-Comité décidéiert, d’’Public Art Experience’ an d’Liewen ze ruffen, an op déi Manéier mat Kënschtlerresidenzen e ganze Koup Artisten an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen. Z.B. den Alessandro De Francesco, ee vun den 9 Glécklechen, déi ënnert 540 Candidaten erausgewielt gi sinn.
Den De Francesco ass 1981 zu Pisa gebuer, an hat no der Première den Drang, Italien ze verloossen. Nordeuropa –a seng Denker- hunn hien deemools magesch ugezunn. Den Italiener huet Philosophie a Literatur zu Lyon, Paräis an zu Berlin studéiert, realiséiert, dat franséisch seng Sprooch ass, an huet sech als Poet a Klangkënschtler zu Bréissel néier gelooss. 1 Joer drop huet hie Basel fir sech entdeckt. Haut pendelt hien tëscht béide Stied. A fir 3 Méint ass nach en 3. ‘B’ bäikomm: Belval.
Am Géigesaz zu deene meeschten Habituéen huet den Alessandro De Franceso net iwwert de Belval-Site husche missen; hien huet sech Zäit gelooss, war oppe fir dat Onbekannt, fir Leit kennen ze léieren, mat deenen hien intensiv Interviewen ophuele konnt. All dës Enregistrementer ass de Kënschtler am gaangen, ze verschaffen, iwwerteneen ze leeën, fir eng monumental Soundinstallatioun an den Héichiewen ze créeieren. Parallel dozou wäert den De Francesco e Kënschtlerbuch erausbréngen, mat eegenen Texter, Gedichter, Fotoen, awer och Belval-Archivmaterial. An: den Italiener huet e Belval-Blog installéiert, deen dir iwwert säi Site www.alessandrodefrancesco.net fanne kënnt.
D’Kerstin Thalau wollt vum Alessandro De Francesco méi iwwert säin 'Language Art Studio' gewuer ginn.