De Fonds Belval ass, als ëffentleche Bauhär vun der Cité des Sciences, dozou verflicht, a Konscht ze investéieren. Mee am Plaz een eenzegt Konschtwierk bei engem eenzelne Kënschtler ze bestellen, huet de Fonds-Comité décidéiert, d’’Public Art Experience’ an d’Liewen ze ruffen, an op déi Manéier mat Kënschtlerresidenzen e ganze Koup Artisten an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen.
Mat dobäi ass den Giuseppe Licari. Hien ass 1980 a Sizilie gebuer an do opgewuess, huet no der Première Molerei zu Bologna a Monumental Art zu Enschede an Holland studéiert. Haut lieft hien als fräischaffende Kënschtler zu Rotterdam. Mee e bësse Vulkan –Stéchwuert ‘Etna’- ass fir ëmmer an him dran. An also e besonnegen Interessi fir d’Natur a wat de Mënsch mat hier mécht.
Den Giuseppe Licari exploréiert säin natierlecht an urbant Ëmfeld mat Hëllef vun Installatiounen, Fotografien an audiovisuelle Medien. Zanter en e Fouss op Minetter Buedem gesat hat, huet den Giuseppe Licari e sech genee ugekuckt, verschidden Zorten ausgemaach, se gesammelt, fotograféiert. An zwar haaptsächlech op der Plaz, déi him virum Computer opgefall war. D'Exploitatioun vum Buedem huet hier Spueren hannerlooss. A verschiddenen Workshopen, enger Publikatioun an enger Installatioun wëllt den Sizilianer dorop opmiersam maachen, de Leit Froen mat op de Wee ginn.
Mam Kerstin Thalau huet de Kënschtler iwwert säi Vertrauen an d'Konscht geschwat.