‘Mech interesséiert net esou staark, wéi d’Mënsche sech bewegen, mee wat se bewegt’, ass wuel eent vun de bekannsten Zitater vun der Philippine, Pina, Bausch. D’Choreografin huet als éischt den Danz mat Gesang, Pantomim, Konscht a Schauspill verbonnen, an doduerch eng komplett nei Danzrichtung, den ‘Tanztheater’, entwéckelt. Déi gewinnt Danzstruktur huet si dacks an eenzel Zeenen opgeléist a se duerno no Themen nei zesumme montéiert.
Bei ‘Masurca Fogo’ handelt et sech ëm eng Pina-Bausch-Choreografie aus dem Joer 1998, si gëtt als Hommage un d’Liewe bezeechent. An dee bréngt de Wuppertaler Pina-Bausch-Tanztheater-Ensembel elo mat op Lëtzebuerg. Explikatioune vum Kerstin Thalau an dem Direkter vum groussen Theater, den Tom Leick.