L'Humour à Mort, een Documentaire vum Daniel an Emmanuel Leconte iwwert d'Attentater vum 7. Januar 2015 op Charlie Hebdo zu Paräis, gouf ganz séier realiséiert, aus den Evenementer eraus, a kritt eng staark emotional Kraaft duerch d'Interviewen, mat deenen, déi d'Attentater iwwerlieft hunn.
D'Realisateuren haten och en exklusiven Accès an d'Redaktioun vu Charlie Hebdo während si, trotz allem, déi nächst Nummer vun der Zeitung virbereet huet. De Film huet formal Schwächten - e wierkt heiansdo méi ewéi e Brouillon ewéi e fäerdege Film - ma et ass e gelongenen Hommage un d'Affer vun den Attentater an un déi Honnert-Dausende Leit, déi Charlie Hebdo ënnerstëtzt hunn, fënnt de Pierre Reyland a senger Filmkritik.