Bis Enn der Woch kënnt dir am Nationalmusée d’Ausstellung `Mumien, den Draam vun der Éiwegkeet` gesinn. Eng vun de Collaboratrice vun der Expo war d’Heidi Köpp-Junk, Egyptologin op der Uni Tréier; hiert Spezialgebitt: ´Götter a Pharaoen‘. An eisen éischte 4 Beiträg zu deem Thema sidd dir vun der Expertin méi iwwert de komplexen Opbau vun der egyptescher Götterwelt gewuer ginn. Wéi gesäit de Lien zu de Pharaoen aus?
Zousätzlech Titelen wéi `Götterkinnek`, `Här vun de Krounen` oder `Här vu béide Länner` deiten dorop hinn, dat déi éischt Pharaoen –also circa 3‘000 Joer viru Christus- gottgläich waren. Mat der Zäit sinn d‘Kinnéken op de Level tëscht de Welte gerutscht, hunn allerdéngs e Sonderstatus behalen: si ware göttlech Vermëttler, déi d’Pläng vun den Himmelsgötter un d’Mënsche weiderginn hunn an driwwer gewaacht hunn, dat de göttleche Wëllen ëmgesat gouf. Mee och als Verbindungsglidd tëscht hei ënnen, do uewen, dem Iwwerierdeschen waren d’Pharaoen aus Fleesch a Blutt, haten souzesoen eng mënschlech Housse. An op déi huet no hirem Ofliewen ganz besonneg gutt missen uecht gi ginn. D'Kerstin Thalau huet mat der Heidi Köpp-Junk iwwert d'Wichtegkeet vun der Mumifizéierung geschwat.