De Weekend koum d'Nouvelle datt den Lëtzebuerger Auteur, Museker, Komponist an Iwwersetzer Jean Michek Treinen am Alter vun 61 Joer gestuerwen ass.De Jean Michel Treinen ass 3 August 1954 zu Rëmeleng gebuer, huet Germanistik a Geschicht zu Bonn a Wien studéiert an um Landwirtschaftsministère geschafft. E war an ass op där enger Säit als Auteur ma awer och als Museker bekannt. Als Auteur huet en zum Beispill mam d'Theaterstéck "De Jhoss an de Fred op der Mauer" 1985 de Nationale Literaturconcours gewonnen, En huet dem Shakespeare säi MacBeth (MäcBess)iwwersat, e Stéck dat zu Bäerdref opgefouert ginn ass, ma en huet dernieft och dem Friedrich Dürrenmatt säin Besuch der alten Dame (Besuuch) a "Nipplejesus" vum Nick Hornby op Lëtzebuergesch iwwersat. De Jean Michel Treinen hat och e Numm als Kabaretsauteur zum Beispill huet en fir Scène libre geschriwwen, an en huet d'Lëtzebuerger Land an de Feierkrop geschriwwen. Nieft dem Projet vun enger Iwwersetzung vum Koran an d'Lëtzebuergescht Musek da mat der Kompositioun vum Kveldulf-Der Abendwolf zu Ënsber am Summer dëst Joer Regie Claude Mangen Oder Freedefeiermusek 1998 an d’Freedefeiersmusek 2001 fir d'"Entrée Joyeuse" vum Groussherzog an der Groussherzogin, asw. Am Intreview erënneren de Claude Mangen an de Jean Pol Roden sech un de JEan Michel Treinen, dee se privat kannt hunn, mat deem se awer och u Projeten zesummen geschafft hunn.
arrow_back_ios
Kultur
Doud vum Lëtzebuerger Auteur a Komponist Jean Michel Treinen
Episoden

Cinder Well: Folkmusek aus Kalifornien
Déi amerikanesch Singer-Songwriterin Amelia Baker am Interview

Esch am Saxo-Sound
Den éischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg - wéi ass et gelaf?

"Toronto" vun der Elisabeth Benoit
Ee Roman iwwer de Fall Johnny-Depp-Amber-Heard

"Prima Facie" am Théâtre du Centaure
Am Gespréich mat der Metteuse en scène Marja-Leena Junker an der Schauspillerin Céline Camara

"D'Chance säin eegent Land ze representéieren"
De Bouwechouer vum Stater Conservatoire ass aktuell op Concertstournée a Japan - wéi et leeft, verroden zwee vun de Jongen an den Dirigent Pit Nimax.

D'Coup de coeure vun der Militärmusek
Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek, hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun an een externt Team getraff, fir en neien Album opzehuelen.

LiteraTour
D'Fest vum Buch an der Gemeng Beetebuerg fänkt Ouschterméindeg un.

Guy Rewenig - Goss
De Roman, dee bei Guy Binsfeld publizéiert gouf, ass fir de Servais-Präis 2025 nominéiert.

Interview mam Wang Bing
E Gespréich mam chineeseschen Dokumentarist Wang Bing iwwer seng Youth-Trilogie

Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda
Zwou Premièrë fir d'Edith Haller: éischten Optrëtt mat engem Jugendorchester an éischte Concert zu Lëtzebuerg

Festival du Livre zu Paräis
De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl war de Samschdeg um Festival ënnerwee an ass hei och engem Lëtzebuerger Literat begéint.

Um Radar: ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.

Anne-Marie Reuter: M for Amnesia
Shortlëscht fir de Servais-Präis 2025

Am Theater: "Foxfinder" vun der Dawn King am TOL
No dem naturalisteschen "Sarah et Hugo" inzenéiert d'Véronique Fauconnet eng donkel ökologesch Dystopie, déi méi no un der Realitéit drun ass, wéi ee mengt.

D'Finall vum internationale Klarinette-Concours 2025
Zesumme mam klenge Maarnicher Festival sicht Lëtzebuerg dës Joer nom beschten Nowuesstalent op der Klarinett. Dat beim Internationale Klarinette-Concours 2025

Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir de Weekend net sollt verpassen.

D'Finaliste vum Internationale Klarinette-Concours sti fest!
Aus 80 Kandidatinnen a Kandidaten déi sech bei der Editioun 2025 gemellt haten, goufen elo 15 Talenter fir d'Halleffinall gesicht. Um Enn bleiwe just nach 3 iwwreg, déi dëse Freideg an der Finall am Cube521 zu Maarnech untrieden.

Carla Lucarelli - Salztage + zurück
D'Gedichtband, dat bei Editions Phi erauskoum ass, ass fir de Servais-Präis 2025 nominéiert.
Louve
E Manga vun der Miyako Miiya, bei deem een a verschiddene Kuerzgeschichten d'Gesëschter Ur a Juf begleet.
