Bis Enn der Woch kënnt dir am Nationalmusée um Fëschmaart d’Ausstellung `Mumien, den Draam vun der Éiwegkeet`gesinn. Eng vun de wëssenschaftleche Collaboratrice vun der Expo war d’Heidi Köpp-Junk. D‘Egyptologin vun der Uni Tréier kennt sech net nëmmen a Saache Mumifizéierung aus, mee weess och, wat den alen Egypter no, d’Séil nom Doud vum mënschleche Kierper erlieft.
Wann de mënschleche Kierper souzesoen de Geescht opginn huet, ass seng Séil an d’Ënnerwelt gebeamt ginn. 6 Stonnen huet do minimal de Marsch bis bei d’Doudegeriicht gedauert, wann een d’Chance hat, direkt de richtege Wee ze fannen. Dowéinst sinn dack Kaarte vum Douderäich, respektiv Zaubersprëch géint geféierlech Dämonen am Sarg mat geliwwert ginn. Mee mat dëser Aart Pilgerwee hat een nach laang net säi Fridde gemaach: an der Haal vum Geriicht souzen 42 Douderiichter. Virun deenen huet een sech misse justifiéieren. D’Chancen op e laisser-passer stounge bei grousser Iwwerzeegungskraaft heiansdo besser ewéi bei Guttheet. Dann huet déi egyptesch Gottheet mam Schakalkapp, den Anubis, d’Séil bei eng Wo guidéiert, wou hiert biologescht Häerz géint d'Fieder vun der Gerechtegkeet gewie ginn ass. War d'Häerz méi schwéier, ass d'Séil vun engem Krokodil-Nilpäerd-Monster eragefeiert ginn. Am anere Fall war engem dat éiwegt Liewe sécher.
D'Heidi Köpp-Junk huet dem Kerstin Thalau erkläert, firwat d'Ägypter Häerzklappe viru schwéieren Häerzer haten.