‘Vicia Faba’ ass de laténgesche Numm fir déi gemeng Boun, déi sech op europäesche Gréngflächen a Scheeke laanscht hëlze Béngelcher schlängelt; si héiert och nach op d’Nimm Sau- oder Schwéngsboun, Puff, Päerds- a Véihboun. Dat kléngt net wierklech no enger intensiver géigesäiteger Bezéiung, net wéi wann all Mënsch vill Zäit oder Opmierksamkeet an se investéiert. Anescht de Kënschtler Werner Müller: d’Boun hat sech eng éischte Kéier virun 20 Joer e Wee a säi Liewen, säi Gehir geschlängelt. Deemools wousst de Moler a Skulpteur kënschtleresch nach näischt mat hier unzefänken. Elo consacréiert hien hier eng eenzegaarteg Eenzelausstellung, mam Titel Fabula Faba.
Hätt d’Alice a sengem Wonnerland eng Zeechnung vu Boune maache missen, si géif vläicht dem Werner Müller senger Ausstellung gläichen. An der Galerie vum Kunstverein Trier-junge Kunst hänken 25 iwwerdimensional Bounen, Versiounen aus alle méigleche Länner, aus alle méigleche Materialien, bal a jäizegen, bal an diskrete Faarwen. Si all sollen dozou ureegen, d’Welt mat groussen, oppenen Aen ze erliewen. D'Kerstin Thalau huet mam Werner Müller doriwwer geschwat, wéi een eng Naturobservatioun wandere loosse kann.