De gebiertege portugisesche Konzeptkënschtler Marco Godinho lieft a schafft tëscht Lëtzebuerg a Paräis. ‘Tëscht’ ass a sengem Fall allerdéngs en zéiege Begrëff. D’Ënnerwee sinn, reesen, sech am positive Sënn ‘verlafen’, Zäit mam Friemen verbréngen, gehéiert souzesoen zu sengem Beruff.
No engem Openthalt plus engem Filmtournage zu Sagres a Portugal, also net wäit vum südwestlechste Punkt vum eruopäesche Festland, hat de Marco Godinho décidéiert, d’Méditerranée méi genee ënnert d’Lëns ze huelen, also déi onsiichtbar Barrière tëscht Orient, Occident an Afrika. Am 1. Joerhonnert no Christus duerch d’Réimer verbonnen, duerno duerch den Zerfall vum Räich, den Attacke vu Germanen, a spéitstens no den Eruerwerunge vun den Araber am 7. an 8. Joerhonnert, no an no Verloscht vun der kultureller Unitéit vum sougenannte Mëttelmierraum. Bréngt d’Migratioun se zeréck? Mat dëser Fro huet sech de gebiertege Portugis Marco Godinho, dee mat 9 op Lëtzebuerg komm ass, also viru knapps 30 Joer, no Portugal séier hannerteneen op Lampedusa an dunn am Libanon beschäftegt. E libanesesche Kolleg vu Paräis hat hien op Beirut invitéiert. Am Géigesaz zu de Nopeschlänner hat de Marco Godinho beim Libanon e gutt, e séchert Gefill, ass Mëtt November an de Fliger geklommen, an 2 Stonne virun den Attentater geland. Explicatiounen Kerstin Thalau.