De 16. Dezember war an der Philharmonie e ganz besonnesche Concert. Lëtzebuerger Kënschtler hunn sech zesumme gedoen an e héichwäertege Programm gebuede fir hier Solidaritéit mat den Demandeurs de Protectioun International ze manifestéieren.
De Ganzen Erléis vun dësem Event ass den dräi Hëllefsorganisatiounen, der ASTI, der Caritas an dem Roude Kräiz gespent ginn, déi sech ëm den Accueil an Ënnerbréngung vu Flüchtlinge këmmeren.
Pierre Cao, Francesco Tristano, Cathy Krier, Pascal Schumacher, Sascha Ley, Serge Tonnar, fir just e puer vun de Nimm ze nennen, déi virun enger ausverkaafter Philharmonie eng musikalesch Diversitéit gebueden hunn, déi et a sou enger Form nach net ze Lëtzebuerg gouf. Dozou d' Stëmme vun e per Kënschtler, Organisateuren a Betraffener...