De leschte Weekend ass d’Kulturjoer 2015 zu Mons offiziell clôturéiert ginn. Wien elo eréischt zu engem Ausflug an d’Belsch kënnt, kann awer ëmmer nach eng ganz Partie Kulturjoerausstellunge gesinn. Sou z.B. d’Expo ‘Prix européen de l’artisanat’ an den ‘anciens abattoirs’ vu Mons. Eng Initiativ vun der belscher Sektioun vum ‘World Craft Council’, dem WCC. A just nieft dem groussen Ausstellungssall vun den `Anciens Abattoirs` zu Mons bedreift de WCC eng permanent Galerie. An och do ass nach bis den 10. Januar eng interessant Expo: 'Omnia Vanitas': `Vanité des vanités, tout est vanité`, oder….fräi op lëtzebuergesch iwwersat: `Alles ass vergieflech, ass Abildung; an de Versuch, de Wand ze fänken`, sou steet et am Buch Kohelet an der Bibel. Et handelt sech ëm eng Kollektioun vu weise Spréch, praktesche Liewensrotschléi a Warnunge virum falsche Wee. Den Text ass an der 2. Halschent vum 3. Joerhonnert viru Christus entstanen, ass geprägt vu Pessimismus, bal Nihilismus.
Déi europäesch Konzeptioun vun der Vanitéit ass enk mat der helleger Schrëft a reliéisen Traditioune verbonnen. Och an der Konschtgeschicht handelt et sech ëm en Joerhonnerte ale Sujet, deen dack verschlësselt, a Kombinatioun mat der `nature morte` traitéiert gouf. Mee dunn, ëm d’Joerdausendwenn ass d’Vanitéit salonfäeg ginn; haut kritt ee scho fir Kanner T-Shirts mat Pailettendoudekäpp ze kafen. Vu dat déi 4. Kulturjoersaison zu Mons mat `renaissance`iwwerschriwwe war, hunn d´Johanne Schadron vum WCC an de Jean-Pierre Denefve vun der Monser Galerie Koma fir eng gemeinsam Expo an der WCC-Galerie also den Thema `Omnia Vanitas` opgegraff. D'Kerstin Thalau war op béiden Ausstellungen.