Nach bis den 10. Januar kënnt dir am Nationalmusée um Fëschmaart d’Ausstellung `Mumien, den Draam vun der Éiwegkeet`gesinn. Eng vun de wëssenschaftleche Collaboratrice vun der Expo war d’Heidi Köpp-Junk, Egyptologin op der Uni Tréier; hiert Spezialgebitt: ´Götter a Pharaoen‘.
An deene griecheschen a réimesche Göttergeschichten war ëmmer Action. Kaum 1 Episode ouni Adultère, Intriguen, Verwandlungen, Verwënschungen, Verbannungen, bis hinn zum Mord. Konflikter ware bei esou engem rise Choix u Protagonisten virprogramméiert. An déi si jo net just ënnert sech bliwwen. Relatiounen tëscht Gottheeten a Mënschen, aus deenen och Nowuess ervirgaangen ass, waren un der Dagesuerdnung. Wa sech béid Welte vermëscht hunn, gouf et meeschtens keen Happy End fir déi Stierflech. Interessant ass, dat Kommunkatiounsschwieregkeete meeschtens ausbliwwe sinn; déi griechesch a réimesch Götter haten nawell zimlech mënschlech Charakterzich. Oder war et ëmgedréit? Fest steet, dat déi al Egypter uewen an ënnen schéin ausenee gehalen hunn. Mee manner dramatesch war et dowéinst awer net.