D'Jhumpa Lahiri gehéiert zur zäitgenëssescher Literaturzeen an den USA. 2014 krut si vum President Barack Obama d'National Humanities Medal fir hiert literarescht Wierk: Interpreter of Maladies, The namesake, Unaccustomed Earth an The Lowland. Fir Interpreter of Maladies ass si ausserdeem mam Pulitzer Prize geéiert ginn, et ass e Buch mat Kuerzgeschichten iwwer d'Schwieregkeeten deenen Indesch Bierger bei hirer Awanderung an d'USA begéinen.
Hiert neit Buch "In other words" ass uersprénglech op Italienesch geschriwwe ginn. Et geet ëm eppes, wat d'Jhumpa Lahiri selwer erlieft huet: D'Rees vun der Eegendécouverte beim Italienesch Léieren an d'Perfektionéieren vun der Friemsprooch bis op den Niveau dass een an där neier Sprooch ka selwer Auteur ginn. Eng Buchkritik vum Dana Rufolo.