Erklär mer d'Léift" ass de Motto vun der Spillrei an dëser Saison beim Kaleideskop-Theater am Beetebuerger Schlass.
En typescht Bild vun der Gesellschaft um Ënn vum 19. Joerhonnert zeechent den Arthur Schnitzler an dësem Stéck. D'Bild vun der Fra ass just ganz lues am Gaangen sech ze änneren an de Mann ass deen, deen iwwer di sozial Positioun vun der Fra decidéiert. Dem romantesche Konstrukt vun der Léift gëtt an dësem Stéck Äddi gesot an d'Regisseurin Marion Rothaar weist mat hirer Inzenéierung, datt sech am Fong geholl nach net esou vill geännert huet...