Dësen Donneschdeg, de 26 Mee, ass an dem Haarlemer Auktiounshaus Bubb Kuyper en Uelegbild vum Joseph Kutter fir 52.785 Euro versteet ginn. Dat mellt d'Wochenzeitung d’Lëtzbuerger Land.
"Le Cheval de Bois", esou den Titel vun enger Viirberedungskizz vun engem Bild dat de Bouf vum Moler duerstellt, a vun deem déi grouss Versioun, zu Lëtzebuerg am Nationalmusée hänkt.
Verwonnerlech ass dass d’Experte vum Auktiounshaus de 60x50 cm groussen Tableau nëmmen op 3000 bis 5000 Euro geschat haten. En huet der also schlussendlech 10 mol esou vill erabruecht.