Fir déi eng ass de Bazon Brock eng Stil-Ikon vun der Konschttheorie, fir déi aner en Téinert. Fir déi eng ass e Professer fir Ästhetik a Kulturvermëttlung, fir déi aner e Vertrieder vum FLUXUS-Mouvement. De Professer Bazon Brock ass ëmmer e Grond fir ze diskutéieren, ze polemiséieren oder ze streiden, an dat och op sengem 80. Anniversaire. De Brock ass e “Kënschtler ouni Wierk”, well et kënnt dem Brock net op d’Wierk, mä éischter op seng Wierkung un, well, Brock-Zitat: “Weil das Werk allein eigentlich nur abgelegtes Werkzeug ist”. An nach eng weider Iwwerleeung vum Bazon Brock: “Wer mit dem Schrecklichsten rechnet, hat begründete Hoffnung, dass er da durchkommt”.
Hannergrënn vum Jean-Claude Majerus.