Vum 10. bis den 19. Juni ass zu Lëtzebuerg de Monodrama Festival. Dëst Evenement, dat viru 7 Joer vum Steve Karier an d'Liewe geruff gouf, bréngt dës Kéier Kënschtler aus 10 Länner zesummen. Insgesamt véier Spektakele gi vun den däitschen Artisten opgefouert, dovun ee mam Titel “Schlachtfest - Ich bin Blut”.
Dëse Monodrama, deen den 13. Juni an der Banannefabrik gewise gëtt, gouf vun der Andrea Imler produzéiert an inszenéiert. Am Stéck spillt déi däitsch Schauspillerin Lou Stegner eng Fra, déi doheem drop waart, datt hire Mann zréck aus engem Krich kënnt. D’Fra versicht hir Zäit, déi vun Ängscht, Ongedold an Onsécherheet geprägt ass, iergendwéi z'iwwerbrécken. Dobäi probéiert si sech an d’Situatioun vun hirem Mann ze versetzen, wouropshin hir Gedanke sech ëm de geféierleche Krich a seng Konsequenz dréinen. D'Karolina Chylinska mat Hannergrënn.