Jo, Liesunge si flott. Immens flott.
Wéi, dat kascht eppes? Dee liest dach nëmmen?
Jo, deen, respektiv déi, liesen "nëmmen", awer wéi: 12 Auteure liesen an der Nuecht vum 2. op den 3. Juli am Kader vum 10. Gebuertsdag vum MUDAM eng ganz Nuecht duerch - an zwar déi Texter, déi si nom Prinzip vum "Cadavre exquis" virdru geschriwwen hunn. A fir datt d'Auteure mol kënne Loft huelen, sinn nach Presentateuren a Museker op der Plaz. Si alleguer maachen zwar "nëmmen" déi Konscht, déi hinne läit, mä si mussen och liewen. Also kascht dat Geld. Méi wéi vun den offizielle "Geldgeber" dra war. Also: Crowdfunding, fir déi bis dato längste Liesnuecht zu Lëtzebuerg. D'Nathalie Bender informéiert.