Et kann ee beim Romain Urhausen sengem Wierk duerchaus vun engem kulturellen Ierwe schwätzen. Iwwer en halleft Joerhonnert huet deen haut 85 Joer ale Multitasker wéi eng Zort kënschtleresche Chronist agéiert an d’Geschéien a sengem kulturellen, urbanen, sozialen an natierlechen Ëmfeld festgehalen. Wie sech an der aktueller Ausstellung am CNA beweegt an opmierksam observéiert, mierkt, datt de Romain Urhausen an d’Konscht eng intensiv Relatioun mateneen haten an hunn.
Um Romain Urhausen sengen Aarbechte gesäit een, datt him eppes geléngt, wat nach laang net jidderee fäerdeg kritt. Hien huet iwwer den Tellerrand gekuckt a soumat Preventioun géint total Bornéierheet bedriwwen. Hien ass fréi an d’Ausland gaange fir seng Studien, hien huet zu Paräis ugefaangen an dono ass en op Saarbrécken gaang, wou hien ënnert anerem am Otto Steinert e wichtege Léiermeeschter fonnt huet. Mee domat war et net gedoen, de Romain Urhausen ass vill gereest an huet sech weder op eng Plaz nach op een Thema festneele gelooss.
Hannergrënn vum Anne Schaaf.